Kultur
Stëmme vun der Schmelz: eng Intro
7 min
1882, also viru genee 140 Joer ass zu Diddeleng déi éischt Schmelz - mat Héichiewen, Stol- a Walzwierk - opgaangen. Viru 40 Joer ass bal alles zougemaach, virun 10 Joer sinn um fréieren Industriesite d'Pomhouse an de Waassertuerm vum CNA als nei Ausstellungsplazen ageweit ginn. Esouwäit dréchen Zuelen a Fakten. Mee un all deem ware Mënsche bedeelegt. Hir Experienzen, hir Erënnerunge wollt de Kënschtler Misch Feinen net just am Toun an am Bild sammelen, mee och dem grand public zougänglech maachen. Mam Kerstin Thalau huet hien iwwer den audiovisuelle Projet "Stëmme vun der Schmelz" geschwat.