Kultur
RadiOdyssee # WIERKLECH?
8 min
A Krisenzäiten wuesse Mëssvertrauen an Zweiwel am beschten; hunn deemno Verschwörungstheorien a Fake News Héichkonjunktur, vu datt se heefeg simpel Äntwerten op dach komplex Froe ginn. Wéi kënnt et, datt d'Geschicht vun der Killer-Spann an der geliwwerter Yucca-Palm zu Lëtzebuerg d'selwecht wéi zu Paräis oder London erzielt gëtt, an datt ëmmer de Schwoer vun enger gudder Bekannter se erlieft huet an net de Riedner selwer? Wat ënnerscheet urban legends vun traditionelle Legenden, Erzielkonscht vu Manager-Storytelling? Dat gitt dir dëse Sonnden an eiser Émissioun RadiOdyssee gewuer. Hei e klengen Avant-Goût.