Kultur
Bestandsopnam vum Lëtzebuerger Theater
5 min
Wéi geet et dem Lëtzebuerger Theater? Wou gëtt Theater gespillt a wat gespillt? Wéi vill Schauspiller:innen, Theaterautor:innen, Compagnien a regional Kulturhaiser gëtt et hei am Land? An enger Recommandatioun am Kulturentwécklungsplang 2018-2028 heescht et, datt eng prezis Bestandsopnam vum artisteschen a kulturelle Secteur zu Lëtzebuerg soll gemaach ginn. An deem Kontext gouf elo en e-book publizéiert, wou d'Resultater vun den Donnéeën, déi d'Josée Zeimes vun de Joren 2018 an 2019 zesummegestallt huet a mat weideren aktuellen Informatiounen aktualiséiert goufen. D'Valerija Berdi huet mam Jo Kox, éischte Conseiller um Kulturministère, iwwer dës Publikatioun geschwat.