Kultur
Summer of '69 in the spring of '22
9 min
Am Summer 1969 hunn d'Kënschtler Berthe Lutgen, Joergang 1935, a Misch Daleiden, Joergang 1948, zesumme mat enger Handvoll anerer Kreativer déi "éischt net affirmativ kooperativ Ausstellung vun aktueller Konscht" organiséiert. Dovunner wousst dir näischt? Effektiv existéiert net ganz vill Dokumentatioun vun deemools an déi meescht Konschtwierker sinn zerstéiert. D'Konschtconservatrice Gabriele Grawe vun der Villa Vauban presentéiert aktuell eng Duebelausstellung, iwwer d'Berthe Lutgen an de Misch Daleiden, an där dëse Sujet natierlech och opgegraff gëtt. D'Kerstin Thalau ass vun der Gabriele Grawe méi iwwer d'Expo gewuer ginn.