Kultur
Den Terry Gilliam um Luxembourg City Filmfestival 2022
9 min
Verschidde Filmer, déi um Luxembourg City Film Festival Première haten, lafen elo am reguläre Kinosprogramm. Als Ouschterbonbon proposéiere mir Iech hei en Interview mat engem vun de wichtege Festival-Invitéën: den Terry Gilliam. De Realisateur, deen 1940 zu Minneapolis op d'Welt koum an zanter 1967 an England lieft a schafft, war Deel vun der legendärer Monty-Python-Trupp, ass duerno mat Filmer wéi "Brazil", "The Fisher King", "12 Monkeys", oder "Fear and Loathing in Las Vegas" an d'Filmgeschicht agaangen. D'Kerstin Thalau huet en onverbesserleche "Freak" kennegeléiert, deen hofft, datt seng Dreem net ausgedreemt sinn.