arrow_back_ios
Kultur
Sam Tanson: "De CNA muss sech moderniséieren"
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Nom Echec vun der Mediatioun am CNA zu Diddeleng setzt d'Regierung eng Commission d'accompagnement an. Véier Beamten aus verschiddene Ministèrë sollen de Centre national de l'audiovisuel beroden, a kréien dofir den Abléck an all d'Dokumenter, déi de CNA betreffen.
Den 11. Mäerz hat de radio 100,7 iwwer intern Konflikter ëm eng geplangte Reorganisatioun vum Centre national de l'audiovisuel bericht. D'Pia Oppel huet d'Kulturministerin Sam Tanson gefrot, wat si sech vum Asaz vun där Kommissioun erwaart.