Kultur
D'Tina Gillen op der Biennale vu Venedeg
8 min
Scho virun zwee Joer war d'Tina Gillen fir d'Konscht-Biennale vu Venedeg selektionéiert ginn. D'Kënschtlerin, déi 1972 zu Lëtzebuerg op d'Welt koum, déi no Konschtetüden zu Wien op Bréissel geplënnert ass, wou si och haut lieft a schafft, ass zemools fir hir Architektur- a Landschaftspeinture bekannt. Wéinst Corona waren och déi renomméiert Biennalë vu Venedeg an de Stau geroden, mee elo ass et esouwäit: den 23. Abrëll 2022 mécht d'Ausstellung, ënner anerem mat der Tina Gillen, op. D'Kerstin Thalau iwwer d'Presentatioun vun hirem Projet