Kultur
La Friche et l'Architecte
6 min
Den Théâtre K ass erëm do mat engem neie PARKOUR. Deen éischte gouf 2020 bei eis op der Antenn diffuséiert, elo kann een de Gérald Dumont mat sengem Text live erliewen. Wat mécht ee mat Industriebroochen, a wat maachen d'Industriebrooche mat engem? Wat sinn d'Dreem vun engem Architekt, wann hien net just dëse Frichen, mee och sengem Papp, deen Aarbechter an der floréierender Zäit war, en Denkmal setze wëllt?
De franséischen Auteur Gérald Dumont huet mat sengem Text ënner der Regie vun der Nathalie Grenat eng Zort Radiossendung op d'Bün bruecht fir d'Geschicht vu sengem Kolleeg, dem Architekt Tom ze erzielen. D'Valerija Berdi huet mam Gérald Dumont iwwer dëse Projet geschwat.