Kultur
D'Reaktioun vun der Konscht op de Vollmound
9 min
Gëschter hu mir Iech op dëser Plaz mat op Diddeleng an d'Expo "Antidote Fiction" geholl. Op Initiativ vum Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Bombyx weise siwe plastesch Kënschtler a Performer, an den zwou Diddelenger Galerien Dominique Lang an Nei Liicht, wéi d'Fiktioun konstruktiv als eng Aart Géigegëft géint déi aktuell schlecht Stëmmung agesat ka ginn. Gëschter huet d'Kënschtlerin a Curatrice vun der Expo Nathalie Noé Adam hir Aarbecht erkläert - dee Reportage fannt Dir an eiser Mediathéik - d'Kerstin Thalau hat awer och mam Edwin Cuervo iwwer seng Fotoserie geschwat.