Kultur
D'Stroossener Konschtbiennale 2022 an de Klassizismus
9 min
Si ass zeréck! No Pandemie-bedéngter Paus ass 2022 nees eng Biennale vu Stroossen. Bis den 8. Juni ginn am Stroossener Centre Barblé 70 Wierker vu 36 selektionéierte Kënschtler presentéiert. An hirer Totalitéit solle si dem Public weisen, woufir zäitgenëssesch Konscht haut steet. Hei am Land anscheinend fir manner Abstraktioun, dofir méi Figuratioun, esou de Constat vum multidisziplinäre Jury, ronderëm d'Konschtexpertin Nathalie Becker oder de Streetartist Sumo. Dräi Präisser hunn d'Memberen och verdeelt. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Laureat vum Prix d'Encouragement, Jeff Dieschburg, Joergang 1988