Kultur
Konscht "Al río/ To the River"
9 min
Op där enger Säit heescht e Rio Grande, op där anerer Río Bravo. Fir d'Amerikaner ass et also einfach de groussen, fir d'Mexikaner de rosene Floss. Op ronn 2.000 km deele sech béid Natiounen d'Gewässer, éier et am Mier verschwënnt. Oder besser: si kéinten et als eppes Gemeinsames wouer huelen, mee d'Iddi vu Grenz dominéiert.
Wéi sech d'Situatioun scho beim Donald Trump sengem Walkampf 2016 nach méi zougespëtzt huet, huet d'Kënschtlerin Zoe Leonard decidéiert, déi wouer Natur vum Rio ze dokumentéieren. Gutt fënnef Joer drop presentéiert si d'Resultat am Mudam. Explikatioune vum Kerstin Thalau