Kultur
Tullio Forgiarini an der wonnerbarer VaLibrairie
8 min
De 15. Mee war eis Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie live an der Galerie 39 ze Diddeleng. Den Ulass war d'Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" vun der Kënschtlerin Sandrine Ronvaux. Si huet sech mat der literarescher Identitéit vu sechs Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren auseneegesat an derbäi si Pyrogravuren op Holz entstanen, wou d'Sandrine Ronvaux d'Sprooch vun de Schrëftsteller a Symboler iwwersat huet. An eiser Sendung hate mir d'Auteuren invitéiert. Een dovu war den Tullio Forgiarini. A mir héieren elo den Extrait, wou hien iwwer seng Literatur an iwwer d'Konschtwierk schwätzt.