An der Schoul heescht et "Knäipen", wann een an enger Prüfung beim Noper Saachen ofschreift. De wëssenschaftlechen Term heifir ass Plagiat. An och zu Lëtzebuerg war Plagiat an de leschte Méint scho gläich e puer Mol am Gespréich - sief dat deslescht bei der Konschtbiennale vu Stroossen oder beim Premier senger Unisofschlossaarbecht.
Dem Vesna Andonovic erkläert de fräie Journalist a Buchauteur, firwat plagiéieren net nëmmen net korrekt, mee souguer geféierlech ass.