Kultur
"Lëtzebuerg soll houfreg op seng Filmindustrie sinn"
33 min
Zanter 2005 produzéiert den David Grumbach Filmer zu Lëtzebuerg a gouf 2013 duerch d'Iwwernam vun der franséischer Bac Films zu engem wichtegen europäeschen Distributeur. No "The Square" 2017 huet hie beim 75. Filmfestival vu Cannes elo mam "Triangle of Sadness" - allebéid Filmer vum schweedesche Realisateur Ruben Östlund - déi zweet Palme d'or mat ënnerstëtzt.
De Produzent an Distributeur huet dem Vesna Andonovic an engem laangen Interview ënner anerem erkläert, firwat Lëtzebuerg houfreg op seng Filmindustrie soll sinn an dës eng wichteg Roll spillt, an zwar wäit iwwer d'Grenze vum Grand-Duché eraus.