Kultur
Expo: Imaginer Servais
7 min
"Et war eis ganz wichteg d'Buch an de Mëttelpunkt ze stellen an doduerch natierlech och de Lieser", seet d'Nathalie Jacoby, Directrice vum Nationale Literaturarchiv iwwer d'Ausstellung an hirem Haus. Zanter 30 Joer gëtt Lëtzebuerger Literatur Joer fir Joer mam Servais-Präis ausgezeechent. Fir dëse ronne Gebuertsdag ze feieren, huet sech d'Ekipp am CNL eppes ganz Aussergewéinleches afale gelooss. Et ass net d'Buch a senger klassescher Form an och net den Auteur oder Autorin, déi hei gewise ginn, mee eng fotografesch a sonor Iwwersetzung vun de jeeweilege Gewënnerbicher ginn an 30 eenzele Kabinne presentéiert. D'Visiteure liesen also net, mee si kucken a lauschteren.
D'Nathalie Jacoby an d'Ludivine Jehin, Chercheuse an Archivistin am CNL, hunn dës Expo konzipéiert, d'Véronique Kolber schreift sech fir d'Fotografie an Zeenografie responsabel. D'Valerija Berdi huet d'Ausstellung gesinn a mat den dräi Frae geschwat.