Kultur
E Fotostudio vum Liewen am Cercle Cité
8 min
Landschaften an de Mënsch a schwaarzwäiss: dofir stoung dem Norbert Ketter seng Fotografie. Am Abrëll 2022 wier de Kënschtler an Auteur 80 Joer al ginn; d'Asti feiert mat senger Konscht nodréiglech hir 40 Joer. An zwar am Ratskeller vum Cercle Cité op der Plëss. D'Expo "Le studio photo de la vie" weist net just beandrockend Opname vum Norbert Ketter, mee seng Fotoe stinn am Dialog mat Aarbechte vun der Kënschtlerin an Anthropologin Sophie Feyder. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Curatrice vun der Expo, der Françoise Poos.