Kultur
De Siren's Call an de jonke Public
6 min
De 25. Juni war am Gronn de Siren's Call. Den Indie-, Rock-, Pop-Festival, bei deem och kulturell Aktivitéite gebuede ginn, huet - den Organisateuren no - eng 7.000 Leit ugezunn. Dorënner d'radio 100,7-Museksredaktioun mat Live-Interventioune vun der Plaz. D'Ekipp hat zousätzlech e Radio-Workshop fir Jonker proposéiert.
Den Yves Stephany wollt am Virfeld vun den Organisateure Vicky Zeimetz a Fabienne Dimmer vum Atelier plus vum Max Hochmuth, den artisteschen Direkter vum Siren's Call, gewuer ginn, wéi interesséiert Jonker aktuell u Museksfestivaller sinn.