Kultur
De Romain Urhausen am Märeler Park
De 4. Juli ass et d'Ouverture vun de Rencontres de la photo d'Arles. Déi lescht Joren huet d'ASBL Lëtz Arles um renomméierte Foto-Festival a Südfrankräich éischter déi aktuell Lëtzebuerger Fotokonscht presentéiert. Bis September 2022 wäert et awer en Hommage un de Romain Urhausen sinn. Dem Fotograf säi Wierk erlieft zanter den 2000er Joren eng Redecouverte. 16 vu senge Fotoen, a schwaarzwäiss an am grousse Format, si momentan och op dräi Plaze vum Märeler Park ze gesinn. D'Kerstin Thalau war se mam Curateur fir Arles, de Paul Di Felice, kucken, fir Iech de Romain Urhausen nei virzestellen.