Kultur
Et wor emol ... tëschent Namur an ACDC
4 min
Stroossen- a Plazennimm hunn eng laang Traditioun. Hir Geschicht geet zeréck bis an d'11., 12. Joerhonnert. Ufanks huet heefeg eng dominant Funktioun, en Handwierk oder e Metier, respektiv e besonnescht Monument, eng Particularitéit en Numm determinéiert. Persounennimm sinn eréischt vum 18. Joerhonnert un a Moud komm. An dann och meeschtens déi vu Mënsche mat Merite, keng Rebellen a scho guer keng Rockstaren.
De Bréisseler ARD-Korrespondent Jakob Mayr huet deemno net schlecht gestaunt, wéi en zu Namur eppes aneres matkritt huet.