Kultur
Dem Romain Urhausen seng Arleser Zäit ass komm
8 min
Hie war Sculpteur, ass villen als Architekt oder Grafiker bekannt, mee dem Romain Urhausen seng Leidenschaft war d'Fotografie, déi hien a senge Konschtstudien zu Paräis a Saarbrécken praktizéiert huet, an an där hie sech tëschent den 1950er an 1970er, op eng impressionant Manéier, defouléiert huet.
De Romain Urhausen ass am Juli 2021 am Alter vun 90 Joer gestuerwen, zwee Joer nodeems hie fir eng grouss Retrospektiv vu sengem Wierk fir déi renomméiert Rencontres d'Arles selektionéiert gi war. De 4. Juli start de Fotofestival. D'Kerstin Thalau wollt vum Curateur vun der Urhausen-Expo, de Paul Di Felice, méi doriwwer gewuer ginn.