Zu Lëtzebuerg gëtt jo am Moment vill iwwer de Kolonialismus geschwat, am Kader vun der Ausstellung "Le passé colonial du Luxembourg" am Nationalmusée um Fëschmaart. Nieft Objeten aus der Kolonialzäit gëtt mat Temoignagen d'Ausbeutung vun der lokaler Populatioun nach emol verdäitlecht. An der Kolonialzäit hätten och eng Partie Lëtzebuerger zum Beispill op Kaffisplantagen als Direktere geschafft. Haut ginn et plazeweis Verbesserungen: Wou fréier déi lokal Populatioun näischt matzebestëmmen haten, ka se haut iwwer de Wee vun enger Kooperativ hiert d'Schicksal an d'Hand huelen. D'Marlène Clement huet Detailer.
arrow_back_ios
Aktuelles
Fairtrade-Kaffi fir besser Aarbechts- a Liewenskonditiounen
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
