Kultur
Beuys reloaded am MNHA
8 min
Den 12. Mee 1921 koum zu Krefeld de Joseph Heinrich Beuys op d'Welt. Wéi d'Welt 100 Joer drop de Kënschtler Beuys feiere wëllt, ass Pandemie. Eng Hellewull Hommage-Manifestatiounen hunn zejoert missen ofgesot ginn. Net esou d'Artikelen an der Press. An déi waren net ëmmer nëmme Beuys-frëndlech. D'Sektioun Arts et Lettres vum Institut grand-ducal huet net just dat, mee och de Fait, datt zu Lëtzebuerg nach guer net erënnert gouf, bedauert. Zesumme mat der Kritiker-ASBL AICA invitéieren si den 30. Juni op eng Konferenz. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Konschtexpert Lucien Kayser