Kultur
De Countdown fir Lëtz Arles leeft
9 min
De 4. Juli starten d'Rencontres d'Arles. Lëtzebuerg ass fir d'fënneft, duerch d'Lët'z Arles ASBL, um renomméierte Foto-Festival vertrueden. Déi Kéier duerch en Hommage, a sechs Kapitelen an 145 Fotoen, un de Romain Urhausen. De gebiertege Rëmelenger ass de leschte Summer mat 90 Joer gestuerwen. Zanter dem 27. Juni wuddere Membere vu Lët'z Arles, vun eisem CNA a vun der Festival-Trupp, do ënnen a Südfrankräich, fir de Montage vun der Expo. D'Kerstin Thalau hat, viru sengem Depart, mam Curateur, Paul Di Felice, geschwat.