Kultur
Assises sectorielles des arts visuels
9 min
Wat sinn d'Erausfuerderungen, d'Suergen, mee och d'Opportunitéite vum Secteur vun de visuelle Konschten zu Lëtzebuerg? Wat kann ee maachen, fir déi eng ze vergréisseren an déi aner ze reduzéieren? Déi Implizéiert zesummebréngen, vill diskutéieren, streiden, festhalen. Am beschte reegelméisseg am klenge Krees, fir da méi cibléiert mat sämtlechen Acteuren aus Konscht, Kultur a Politik, all puer Joer Bilan ze zéien an en ëffentlechen Debat ze féieren. De Kulturministère invitéiert dee Moment op sektoriell Assisen. D'Kerstin Thalau war op deene vun de visuelle Konschten d'lescht Woch.