Kultur
De Kënschtler-Feedback bei den Assises des arts visuels
9 min
Visuell Kënschtler, Vertrieder vum Kulturbetrib, vu Kultur-ASBLen, Decideuren asw. hunn d'lescht Woch ëffentlech am Mudam d'Chancen, d'Limitten, d'Doleancen ... vum Beruffsliewe vum fräischaffenden Artist zu Lëtzebuerg diskutéiert, nei Iddien zur Verbesserung vun der Situatioun op d'Tapéit bruecht.
E Beruffsliewen als visuelle Kënschtler? Jo, esou eppes kënne sech ëmmer méi Mënsche virstellen, och wann d'Grenze vun der visueller Konscht net kloer ze zéie sinn. D'Kerstin Thalau mat engem zweete Bilan vun de sektorielle Kulturassisen vun der visueller Konscht.