A Frankräich gëtt de Mëtteg mat Spannung op déi nei gewielten Assemblée Nationale gekuckt: D'Premierministesch Elisabeth Borne mécht um 3 Auer am Parlament d'Regierungsdeklaratioun. D'Regierung ass geschwächt, well fir d'éischte Kéier zanter Laangem huet si keng absolut Majoritéit am Parlament. A well si och kee Koalitiounspartner huet, stellt sech d'Fro, wéi d'Regierungsmajoritéit wëllt Reformen duerchkréien. Dofir stellt d'Elisabeth Borne - anescht wéi soss - de Mëtteg och keng Vertrauensfro. Detailer mat der ARD-Korrespondentin Julia Borutta
arrow_back_ios
Aktuelles
Fragiliséiert franséisch Regierung
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
