Kannerkëscht
Radioreportage iwwer eng Famill aus der Ukrain
7 min
Salut Kanner! Mir hunn iech an der Lescht scho méi dacks iwwer de Piwitsch erzielt, déi nei Kannerzeitung vum Script d'Schoulkanner aus de Cyclen 3 a 4. D'Team vum Piwitsch kënnt gär an d'Schoul fir mat iech zesummen en Artikel, e gefilmte Reportage oder, wéi an dësem Fall, e Radioreportage ze maachen.
D'Klasse vum Cycle 4.2 vun Äischen hu sech fir hire Reportage mat enger Mamm an hiren zwee Meedercher, dem Tajana, Masha an Dasha, ënnerhalen. De Goran Zezovski, Papp vun engem Bouf aus der Klass, war d'Famill un déi ukrainesch Grenz sichen.
D'Schüler vun de Klassen C4.2 an hir Léierinne Corinne Spoden an Annette Wagner hunn dëse Reportage zesumme mam Piwitsch-Team realiséiert. Informatiounen iwwer d'Miniredaktioun kritt een op minired@piwitsch.lu. An op der Säit www.piwitsch.lu kann ee weider Detailer vun dëser an anere Miniredaktiounen noliesen, -kucken a -lauschteren. An déi nächst Woch begleet de Piwitsch iech an de Summer.