Kultur
"Well ech se net konnt lauschteren, hunn ech d'Musek gezeechent"
7 min
Déi franséisch Satire-Zäitschrëft Charlie Hebdo feiert 30 Joer. Och siwe Joer nom islamisteschen Attentat fält et villen Iwwerliewende schwéier fir weider ze zeechnen. De Luz, de Karikaturist hanner der berüümter "Je suis Charlie"-Titelsäit, huet seng Traumaen iwwer seng Zeechnunge verschafft.
De Moment ass hie mat der BD-Trilogie "Vernon Subutex" beschäftegt, d'Adaptatioun vun der Roman-Serie vun der Virginie Despentes, déi hiren Text selwer ugepasst huet.
Wéi ass et, nom Attentat iwwer eppes aneres ze zeechnen? Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn huet beim Luz nogefrot.