Kultur
Black Midi hire musikalesche Seeldanz
3 min
Op "Hellfire", der drëtter Studioplack a véier Joer, spillt den Trio-cum Museker-Kollektiv mat Klischeeë vun engem 1920er Jore Berlin oder engem Art-Deco New York, iergendwou tëschent Vaudeville an "Dreigroschenoper". Mat intensive Momenter vu Kakophonie an enger cinematografescher Opfaassung vu Rhythmus këddele Black Midi op hirer drëtter Plack heftegst d'Gehir, a ginn dobäi kierperlech an esouguer handgräiflech. Op Langweil brauch een net ze hoffen. De Marc Clement huet sech déi nei Plack ugelauschtert.