Kultur
D'Nominatioune fir de LEAP 2022
7 min
Den engleschen Terme "Leap", op Lëtzebuergesch "Sprong", huet bei eis zanter 2016 eng weider Bedeitung: e steet fir "Luxembourg Encouragement for Artists Prize". Bei engem Präisgeld vun 12.500 Euro kann ee scho vun engem Coup de pouce fir de Laureat, d'Laureatin, schwätzen. An enger éischter Phas nominéiert en internationale Jury, op Basis vu Portfolioen, véier Kënschtler, déi Eenzel-Expo-Projete fir d'Rotondë preparéieren a montéieren, kuerz nom Vernissage kréint de Jury den iwwerzeegendste mam LEAP. Mir sinn aktuell bei Phas 1 a LEAP Nummer 4.
D'Kerstin Thalau huet mam Marc Scozzai vun de Rotonden en éischte Bilan gezunn.