Den Ty Segall ass ee Museker aus der Bucht vu San Francisco, an dat héiert een. D'Schëlleren, op deenen hie steet, sinn déi vun de kalifornesche 60s a 70s Zeenen.
"Hello, Hi" entwéckelt sech wéi eng Aart Libestagebuch fir wollekeg Summerdeeg. Voll Éierlechkeet a Mëtschgiewegkeet dëmpelt se gemittlech viru sech hin an ass fäerdeg, éier ee sech ëmsinn huet - 35 Minutten, dat ass schlank geschafft, mee méi brauch dës Plack och net, fënnt de Marc Clement.