arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Think Zik!

Think Zik!

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

D'Michelle David staamt aus North Carolina, si ass mam Gospel an der Kierch grouss ginn an huet dëst Ierwe mat an de Rhythm n' Blues integréiert. Zesumme mat The True Tones hirer Band huet si elo hire fënneften Album "Truth & Soul" verëffentlecht.


The Bongo Hop ass de rezenten afrokaribesche Projet vum franséischen Trompettist Eienne Sevet. "La Napa" ass déi nei Publikatioun iwwerschriwwen, e mini-Album mat aacht Titelen, op deem mir déi angolanesch Legend Paulo Flores héieren a vill aner Gaascht-Inviteeen, déi derbäi sinn.


Ënnerwee an d'Zukunft mat hirem afrikaneschen Ierwen ass d'Djely Tapa, Duechter vum mythesche Griot an Dänzer Djely Bouya Diarra an der Kandia Kouyaté.


Den Album Acoustic "Love" Sessions ass den éischte Volume vun enger neier Kollektioun, déi de Label Think Zik! sech ausgeduecht huet. Hei héiere mir d'Thematik vun der Léift, déi sech a 14 Lidder deklinéiert. Bekannten an och manner bekannten Artisten héiere mir hei an der origineller Interpretatioun vu bekannte Love-Songs.


Eng aner spannend Decouverte ass d'Jazz-Diva Jacqui Dankworth zesumme mam Brodsky Quartet an der Interpretatioun vun der Björk hirem "Play Dead". D'Sängerin an den Orchester fusionéiere Kammer-Musek, Jazz, Pop a Folk mat vill Delikatess um Album "Rocking Horse Road" Disk, dee fir den 28. Januar ugekënnegt gëtt.


De Joseph Schiano di Lombo flüstert an d'Ouere vun de Mënschen. Hien huet elo dem Michel Legrand säin Theema vun der "Chanson des Jumelles" re-interpretéiert fir de Piano mat véier Hänn. A wéi eng eng Interpretatioun!


Den engleschen Jazz-Museker, Saxofonist, spoken word Poet, Komponist an Aktivist Alabaster DePlume huet op sengem neien Album "Gold" eng Musek agespillt, déi grad esou mysteriéis ass wéi d'Alchimie u sech, dës Léier vun de Substanzen hiren Eegenschaften an hire Reaktiounen. Hei entdecke mir den neien Extrait "The World is Mine".


Playlist:



Michelle David & The True-Tones - Sahara - Truth & Soul

The Bongo Hop - La Napa (feat. Nidia Góngora) - La Napa

Somi - House of the Rising Sun - Zenzile: The Reimagination of Miriam Makeba

Djely Tapa - Barokan - Barokan (Deluxe Edition)

Vieux Farka Touré - Les Racines - Les Racines

Think Zik ! All Star & Anwar - ...Baby One More Time - Acoustic "Love" Sessions

Think Zik ! All Star & Ben l'Oncle Soul - River - Acoustic "Love" Sessions

Think Zik ! All Star & Imany - Bust Your Windows - Acoustic "Love" Sessions

Jacqui Dankworth & Brodsky Quartet - Play Dead (Arr. for Voice & String Quartet) - Rocking Horse Road

Joseph Schiano di Lombo - Chanson des jumelles (from Les demoiselles de Rochefort / The Young Girls of Rochefort) - Legrand

Alabaster Deplume - Who Is a Fool - Gold

Alabaster Deplume - The World Is Mine - Gold

Schvédranne & Jack Hirschman - The Endless Threshold Arcane (feat. Robert Spline) - Vanity Vanity All Is Vanity


Episoden

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow