"From Kaboul to Bamako” ass e Projet ronderëm d’Situatioun vun de Refugiéë vum Paräisser Ethio-Jazz-Ensembel Arat Kilo zesumme mat Museker aus verschiddene Kulturen.
Tëscht Indien a Frankräich, beweegt sech sech dem franséischen Jazz-Batteur Stéphane Edouard säin Album "Pondicergy Airlines". Och hei komme vill Influenzen zesummen, Indien ass awer de Kär ronderëm deen déi aner musikalesch Inspiratiounen dréinen.
“Di duusste Stëmm aus dem Reggae” esou ass de jamaikanesche Singer Songwriter Bim Sherman och nach genannt ginn. Den Album "Miracles" ass en Disk deen an Indien entstan an zu Bombay opgeholl ginn ass, wou de Sherman mat engem klasseschen Orchester collaboréiert huet.
D’"Mahala" Ep vun der Jazz-Folk Sängerin Sarah Lenka ass eng Renconter mat 3 aneren Artistinnen aus verschiddenen Kulturen; mat der NaÏssam Jalal, franséisch-syresch Flüttistin, der Awa Ly, déi senegalesesch Originnen huet an der Macha Gharibian, franséisch-Armeenesch Pianistin.
Den 9. Juli um Ghent JazzFestival ass eng gutt Geleeënheet déi englesch Tindersticks live ze gesinn, déi seelen an eise Géigende spillt, ze gesinn!
Playlist:
01. Arat Kilo, Mamani Keita, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Snow in Addis - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)
02. Stéphane Edouard - One Last Time- Pondicergy Airlines
03. Jasdeep Singh Degun - Ulterior Motives
04. Bim Sherman - My Woman - Miracle
05. Sarah Lenka- Last Kind Words - Mahala - EP
06. Magnus Ernst - Love Is Loss - Single
07. Dez Mona - Carry On - Hilfe Kommt
08. Tindersticks - Show Me Everything - The Something Rain
09. Jumbo System & MC Miscellaneous - My Own Drum - Jumbo System - EP
10. The Specials - Wind - Protest Songs 1924 – 2012
11. The Jazz Butcher - Time - The Highest in the Land
12. Lance Ferguson - Glastonbury - Rare Groove Spectrum, Vol. 2
13. Karate Boogaloo & Danielle Ponder - Little Bit - Look Around / Little Bit - Single
14. NTO - Invisible (feat. Sofiane Pamart) [Piano Version]