Mat eelef Kënschtler:innen organiséiert d'ASBL Friday Island Projeten, déi d'Ëmwelt an d'Nohaltegkeet fërdere sollen. Zu Déifferdeng um Parking beim Stade Thillebierg hunn d'Artist:innen hir Zelter an hir Atelieren opgeriicht. Hanner dem Projet "Nomadic Island", deen am Kader vun Esch2022 realiséiert gëtt, stiechen d'Fotografin Neckel Scholtus an de Choreograph Gianfranco Celestino.
D'Valerija Berdi huet d'Hëtzt a Sonn net gescheit an ass d'Workshoppe besiche gaangen.