Kultur
En Extrait aus "En diabolescht Schlësselerliefnis"
4 min
"Der Däiwel" war eis lescht Erzielkonscht-Sendung RadiOdyssee virun der Summerpaus iwwerschriwwen. An obschonns eis Erzielkënschtlerinnen Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer bei deem Sujet keng Ufängerinne sinn, ass - der Däiwel awer och - an de Kulissen alles schif gelaf. Glécklecherweis esou, datt Dir Nolauschterer näischt dovunner matkritt hutt. Dir hutt och net matkritt, datt d'Luisa Bevilacqua nach nom Enn vun der Sendung eng Geschicht erzielt huet, well et net matkritt hat, datt de Riddo scho gefall war. Dëst "diabolescht Schlësselerliefnis" wollte mir Iech awer op kee Fall virenthalen.