Kultur
De Papp vum "Le petit Nicolas" a "Raoul Taburin" ass dout
5 min
Frankräich ass am Trauer, de Jean Jacques Sempé ass dout. Seng Bicher iwwer de "Le petit Nicolas" hunn hie weltbekannt gemaach. Eng Figur, déi de Jean Jacques Sempé zesumme mam 1977 verstuerwenen Auteur René Goscinny erfonnt hat. Eng weider Figur, déi dem Sempé säi Liewe markéiert huet, ass déi vum Vëlosverkeefer Raoul Taburin.
Elo ass de Jean Jacques Sempé kuerz virun sengem 90. Gebuertsdag gestuerwen, den nächsten Donneschdeg, 18. August, hätt hien der 90 kritt. De Jean Claude Majerus erënnert un de Jean Jacques Sempé.