D'Mëtt vu Mono hirer Musek bilden dynamesch Klanglandschaften, déi dacks vum Leadgittarist Takaakira Goto eropbeschwuer ginn. De Japaner hire Stil ass vu minimalisteschem Noise-Rock à la Sonic Youth fortgaangen, fir no an no méi Komplexitéit a méi grouss Instrumentatiounen anzebannen. Kategorië wéi "contemporary classic" oder "post-rock" weise Mono vu sech. De Goto seet kryptesch:
"Music ass d'Kommunikatioun vum Onkommunizéierbaren", a Wierder wéi Post-Rock bedeiten eis net vill. Musek muss Genren duerchbrieche fir Sënn ze maachen."
Mono spillen haut den Owend (17.8.) an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés, um 8 Auer ginn d'Dieren op. De Marc Clement ass op der Plaatz fir sech nom Soundcheck mat der Band ze ënnerhalen.