Biotop
Wat de Buedem verréit
6 min
De Mënsch hannerléisst Spueren op der Welt, déi iwwer Generatioune bleiwen. Domadder sinn net just Ruine gemengt: Zanter der industrieller Revolutioun an dem Opkomme vu groussen Fabricke fanne sech cheemesch Hannerloosseschaften net just an der Loft, mee och an der Äerd an am Waasser. Zu Lëtzebuerg wëllt en interdisziplinäre Projet vun Naturwëssenschaftler an Historiker dës Daten elo sammelen a verwäertbar maachen.
Den Tom Haas huet mam Historiker Andreas Fickers, dem Direkter vum Lëtzebuerger Institut C2DH, iwwer dee Projet geschwat.