Seng éischt Singles waren Hip-Hop-Tracks wéi "Glass Walls". Dës EP ass eppes ganz aneschters. Mat Gittar a Perkussioune geet et zeréck un d'Originnen, an dat net nëmmen an der Musek; och an den Texter geet et an een handgemaachten Haus an den Hiwwelen. Wéi erkläert sech d'Ëmsidele vun der Stad op d'Land?
De Matteo Grizz-Wolf, alias Culture the Kid, ass op Besuch beim Marc Clement fir iwwer seng EP Searching Rhymes ze schwätzen.