Kultur
De Romain Urhausen am Märeler Park
4 min
Bis Enn September sinn zu Arles, a Südfrankräich, d'Rencontres internationales de la photo. Déi lescht Joren hat d'ASBL Lëtz Arles um renomméierte Foto-Festival éischter déi aktuell Lëtzebuerger Fotokonscht presentéiert. Fir d'Editioun 2022 gouf awer eng Romain-Urhausen-Retrospektiv zesummegestallt.
Dem Fotograf säi Wierk erlieft zanter den 2000er Joren eng Redecouverte. 16 vu senge Fotoen, a schwaarzwäiss an am grousse Format, si momentan och op dräi Plaze vum Märeler Park ze gesinn. D'Kerstin Thalau war se mam Curateur fir Arles, de Paul Di Felice, kucken, fir Iech de Romain Urhausen nei virzestellen.