Kultur
De Romain Urhausen zu Arles
7 min
D'Recontres de la photographie zu Arles a Süd-Frankräich sinn de wichtegste Rendez-vous fir d'Fotografie weltwäit. Dëst Joer huet déi Lëtzebuerger ASBL Lët'z Arles eng vun den Haapt-Ausstellunge gestallt. De Romain Urhausen zielt zu de wichtege Kënschtler vu Lëtzebuerg, an dowéinst huet sech en internationale Jury virun dräi Joer fir eng Retrospektiv vum gebiertege Rëmelenger Fotograf entscheet. De Romain Urhausen ass zejoert verstuerwen, den Hommage fir d'Organisateure war dann och deementspriechend emotionell war.
E Reportage vun eisem Korrespondent Léonardo Kahn