Kultur
Vicky Krieps: "Als Meedche war ech an engem Corset vun der Gesellschaft "
4 min
De siwente September leeft an eise Kinoen d'Lëtzebuerger Koproduktioun "Corsage" un. Fir hir Roll als Elisabeth vun Éisträich an deem Film gouf d'Vicky Krieps viru Kuerzem um Filmfestival zu Sarajevo ausgezeechent, nodeems si schonn am Mee heifir zu Cannes den Duersteller-Präis an der Un-certain-regard-Rei krut.
Am Film vun der Marie Kreutzer spillt déi Lëtzebuerger Actrice eng Keeserin, déi ganz wäit ewech ass vun der "Sissi", wéi d'Romy Schneider se an den 1950-er Jore populär gemaach huet.
Am Gespréich mam Vesna Andonovic huet d'Vicky Krieps verroden, firwat si reegelrecht géint de Corset huet missen uspillen, a wou si als Fra awer eng Fräiheet fonnt huet.