Kultur
Tina Gillen a Christophe Gallois iwwer "Faraway So Close"
4 min
D'Mataarbechter vun der documenta fifteen maachen den nächste Sonndeg hir Expo-Dieren, eventuell mat Erliichterung, zou; d'Biennale vu Venedeg ass nach bis de 27. November ënner dem Motto "The Milk of Dreams" fir d'Visiteuren op.
Lëtzebuerg gëtt vun der Molerin Tina Gillen vertrueden. Iwwer hire Projet "Faraway So Close" koum de leschte Weekend eng Publikatioun eraus, esou datt d'Walbréisselerin fir d'Occasioun am Mudam war, fir zesumme mam Christophe Gallois, hire Curateur vum Mudam, d'Iddien hanner der Installatioun nach emol ze erklären. Och d'Kerstin Thalau huet se mam Mikro agefaangen.