Francis of Delirium, The Ferocious Few an Tuys, dat sinn déi dräi Lëtzebuerger Bands, déi dëst Joer fir Lëtzebuerg mat op de Reeperbahn Festival ginn, ee vun deene gréisste Showcase Festivalle vun Europa, wou sech nei Gruppen engem Publikum vu Fans a Leit aus dem Museksbusiness virstellen.
An eiser Emissioun Kultur um 5 vu gëschter huet d'Jana Bahrich vu Francis of Delirium erkläert, firwat esou e Showcase Festival dann aneschters ass, wéi en normale Concert.