Kultur
Am Theater geet d'Welt ënner
4 min
"Et ass eng gewësse Melancholie, eng Nostalgie leet sech iwwer de Sall an iwwer eis, d'Thema vun dëser Saison ass d'Nuecht. D'Welt geet ënner, et ass Pandemie, Krich, de Klima ass duercherneen a mir hunn alleguer d'Gefill a mir kréien et all Dag matgedeelt, datt et op en Enn zougeet." sou de Frank Hoffmann, Direkter vum TNL bei der Presentatioun vun der neier Saison a sengem Haus. "Nacht und Träume" ass e Schubert-Lied, dat net just dëser Saison am TNL den Numm ginn huet, mee et ass och den Numm vum Stéck mat deem déi nei Saison lancéiert gëtt. Valerija Berdi war "Nacht und Träume kucken.