D'Logementspräisser klamme weider. Dorunn huet sech och am zweete Véierel vun dësem Joer näischt geännert. Wien sech tëscht Ufank Abrëll an Enn Juni en Haus oder eng Wunneng hei am Land kaaf huet, den huet am Schnëtt 11,5 Prozent méi dofier misse bezuelen, wéi ee Joer virdrun. Dat geet aus de neiste Statistiken ervir, déi de Statec gëschter publizéiert huet. An der zweeter Hallschend vum Joer kéint Dynamik um Logementsmarché awer änneren. De Rick Mertens erkläert firwat dat esou ass.
arrow_back_ios
Aktuelles
Héich Zënsen hu nach keen Impakt op d'Logementspräisser
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
