Et soll ee weideren Hiewel sinn, fir d'Logementspräisser an de Grëff ze kréien. Wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, gëtt Grondsteier reforméiert an iwwer eng weider Tax erhofft ee sech, datt Terrainen a Gebaier, déi eidel stinn, mobiliséiert kënne ginn.
Op enger Pressekonferenz hunn dräi Regierungsvertrieder erkläert, wat elo op d'Proprietäre vun Immobilien zoukënnt. D'Christiane Kleer informéiert vun der Plaz ...