Kultur
Eng Jugend tëscht Nirvana a WM98
Mir sinn an den 90er Joren, an der Lorraine, et ass eng Zäit wou d'Héichiewen net méi brennen, also och eng Zäit vun der Aarbechtslosegkeet an der domat verbonnener Desillusioun an Ecarten tëschent de Mënschen. Mir sinn am Roman "Leurs enfants après eux." vum Nicolas Mathieu (actes sud), dee fir dëst Wierk mam Prix Goncourt ausgezeechent ginn ass. Elo huet den Éric Petitjean an Zesummenaarbecht mat den zwou Theaterregisseurinnen Carole Lorang an Bach Lan Lê Bà Thi eng Bünen-Adaptatioun vum Roman gemaach, déi am Escher Theater gewise gëtt. Et sinn véier Summeren, déi mer hei materliewen an dat an der Zäit tëschent der Release vun "Smells Like Teen Spirit" an der Fussballweltmeeschterschaft 1998. Valerija Berdi war op d'Première.