Kultur
"Les mains-ruisseau" an der Cecil's Box
3 min
D'Cecil's Box ass warscheinlech eng vun de klengsten Ausstellungsplazen an der Stad, mee dofir ass d'Vitrinn vum Cercle Cité an der Paschtoueschgaass awer 24 Stonnen op 24, respektiv siwen Deeg an der Woch, fir Passanten ze gesinn; deemno déi ideal Plattform fir aktuell Konscht. Momentan weist de Guillaume Barborini, Joergang 1986, do säi Projet "Les mains-ruisseau". D'Installatioun besteet aus engem Film vun circa zéng Stonnen, wärend deenen de Kënschtler an der Savoie an den Alpe mat sengen Hänn de Laf vun engem Floss ënnerstëtze wëllt, dernieft hänkt e selwer verfaassten Text an DinA2 iwwer seng Emotiounen, ënnendrënner rout eng Aart Installatioun mat Waken. Mat sengem Wierk hannerfreet de Guillaume Barborini eis Relatioun zu der Zäit, zu der Aarbecht an zu der Ekologie. D'Kerstin Thalau mat weideren Explikatiounen