Kultur
Eng Bodybuilderin an Ungarn
4 min
Den ungaresche Film "Gentle" gouf de leschte Weekend um CinEast-Festival mam Grand Prix vum beschte Film ausgezeechent. De Film erzielt d'Geschicht vun enger Bodybuilderin, déi hire Kierper trainéiert fir hirem Mann an Trainer méi no ze kommen.
De Michel Delage huet mat der Co-Realisatrice Anna Eszter Nemés geschwat, iwwer Weiblechkeet, iwwer marginal Sexualitéiten, a virop iwwer weiblech Bodybuilder, déi - wéi d'Anna Eszter Nemés erkläert - an der konservativer ungarescher Gesellschaft als Freaken ugesi ginn.